Nëtzlech Informatiounen

Tariffer

Bei enger Aschreiwung beim „Trail des Mines” kritt een ee Becher an eng Startnummer mat intégréiertem Chip fir de Chronométrage.

OBLIGATORESCH

All Leefer brauch ee Vëloshelm an eng Luucht (Kappluucht oder Täscheluucht – den Handy als Luucht ass net erlaabt), fir duerch d‘Minn (3 Kilometer) ze lafen. Dës Saachen gidd Dir beim Ofhuelen vun Äerer Startnummer of. Äeren Helm an Äer Luucht kréien déi sëlwecht Startnummer a mir bréngen se duerno virun d’Entrée vun der Minn.

An der Minn sinn den Helm um Kapp an d’Luucht obligatoresch. Wie sech net drunn hällt, gëtt disqualifizéiert!

Opgepasst: um 12.15 Auer gëtt den Accès an d’Minn (3 läscht Kilometer vum Parcours) zougemaach – dat aus Respekt virum Personal, datt d’Secherheet an der Minn assuréiert. Leefer, déi méi spéit ukommen, ginn iwwert d’Strooss bei d’Arrivée guidéiert.

Timing

SAMSCHDES, 28. JUNI 2025

17.00 bis 19.30 Auer:
Ofhuele vun den Dossarden a läscht Aschreiwungen

Ofginn vun Äerem Helm an Äerer Luucht (Kappluucht oder Täscheluucht). Den Handy als Luucht ass net erlaabt!

SONNDES, 29. JULI 2025

7.30 bis 9.30 Auer:
Ofhuele vun den Dossarden a läscht Aschreiwungen

Ofginn vun Äerem Helm an Äerer Luucht (Kappluucht oder Täscheluucht). Den Handy als Luucht ass net erlaabt!

10.00 Auer:
Start 14 Kilometer an 20 Kilometer
Vun 11.30 Auer un:
Navetten bei d’Duschen
13.00 Auer:
Präisiwwerreechung

Parcours

Ofhuele vun den Dossarden

Samschdes, den 28. Juni, vu 17.00 bis 19.30 Auer

Sonndes, den 29. Juni, vu 7.30 bis 9.30 Auer

Consigne

Plangt genuch Zäit virum Depart an, fir Äer Sacoche an eiser Consigne ofzeginn

Accès op de Site

Den Accès op de Site ass mam Bus, mam Vëlo oder zu Fouss méiglech.

Mam Bus: Ligne 5 (Tice) – Arrêt : «Centre culturel» ou « Intermoselle » Méi Detailler um Site: www.mobilitéit.lu

Mam Velo oder zu Fouss: Accès op de Site duerch d’Rue de la Bruyère oder d’Rue des Mines

Mam Auto: D’Leefer, hir Begleeder an d’Spectateure kënnen um Parking Cimalux/Intermoselle stationéieren

Profitéiert vun eiser Navette, déi tëscht dem Parking an dem Site vum Depart/Arrivée fiert!
Itinéraire vun der Navette Parking (blo)

Chronométrage

De Chronométrage gëtt mat engem an der Startnummer intégréierte Chip gemaach. D’Nettozäit gëtt automatesch gerechent a kommunizéiert.

Ravitaillement

Mir stellen 3 Ravitaillementen um Parcours vum 14-Kilometer-Laf a 3 Ravitaillementen um Parcours vum 20-Kilometer-Laf. Et ass och nach e Ravitaillement op der Arrivée virgesinn.

Vestiairen & Duschen

D’Leefer kënnen d‘Vestiairen an d’Dusche vun der Sportshal „Will Hoffmann“ zu Rëmeleng (mat separatem Fraen- a Männerberäich) benotzen. No der Course fiert eng Navette permanent tëschent der Arrivée an der Sportshal.

Itinéraire vun der Navette Douche (greng)

Präisiwwerreechung &
„Rëmelenger Apéro“

D’Präisiwwerreechung ass beim Infopoint „Musée national des Mines de Fer“.
Hei fënnt och de „Rëmelenger Apéro“ mat Iessen a Gedrénks an enger passender musikalescher Begleedung statt.

Resultater

D’Resultater sinn den Dag no der Course op eisem Site www.tdm.lu disponibel.

N'hésitez pas à remplir le formulaire ci-dessous