De 2. „Trail des Mines”

Bei enger Aschreiwung beim „Trail des Mines” kritt een … ee Becher an eng Startnummer mat intégréiertem Chip fir de Chronométrage.

D'Strecken

Nëtzlech Informatiounen

OBLIGATORESCH

All Leefer brauch ee Vëloshelm an eng Luucht (Kappluucht oder Täscheluucht – den Handy als Luucht ass net erlaabt), fir duerch d‘Minn (3 Kilometer) ze lafen. Dës Saachen gidd Dir beim Ofhuelen vun Äerer Startnummer of. Äeren Helm an Äer Luucht kréien déi sëlwecht Startnummer a mir bréngen se duerno virun d’Entrée vun der Minn.

An der Minn sinn den Helm um Kapp an d’Luucht obligatoresch. Wie sech net drunn hällt, gëtt disqualifizéiert!

Opgepasst: um 12.15 Auer gëtt den Accès an d’Minn (3 läscht Kilometer vum Parcours) zougemaach – dat aus Respekt virum Personal, datt d’Secherheet an der Minn assuréiert. Leefer, déi méi spéit ukommen, ginn iwwert d’Strooss bei d’Arrivée guidéiert.

2Tariffer

10.03.2024 – 7.04.2024
14 Kilometer : 23 €
20 Kilometer : 27 €

8.04.2024 – 23.06.2024
14 Kilometer : 26 €
20 Kilometer : 30 €

24.06.2024 – 30.06.2024
14 Kilometer : 30 €
20 Kilometer : 33 €

3Timing

SAMSCHDES, DEN 29. JUNI 2024
17.00 bis 19.30 Auer: Ofhuele vun den Dossarden a läscht Aschreiwungen Ofginn vun Äerem Helm an Äerer Luucht (Kappluucht oder Täscheluucht).
Den Handy als Luucht ass net erlaabt!

SONNDES, DEN 30. JUNI 2024
7.30 bis 9.30 Auer: Ofhuele vun den Dossarden a läscht Aschreiwungen Ofginn vun Äerem Helm an Äerer Luucht (Kappluucht oder Täscheluucht).
Den Handy als Luucht ass net erlaabt!
10.00 Auer: Depart 14 Kilometer an 20 Kilometer
Vun 11.30 Auer un: Navetten bei d’Duschen
13.00 Auer: Präisiwwerreechung

4Accès op de Site
Den Accès op de Site ass mam Bus, mam Vëlo oder zu Fouss méiglech.

Mam Bus: Ligne 5 (Tice) – Arrêt : «Centre culturel» ou « Intermoselle » Méi Detailler um Site: www.mobilitéit.lu

Mam Velo oder zu Fouss: Accès op de Site duerch d’Rue de la Bruyère oder d’Rue des Mines

Mam Auto: D’Leefer, hir Begleeder an d’Spectateure kënnen um Parking Cimalux/Intermoselle stationéieren

Profitéiert vun eiser Navette, déi tëscht dem Parking an dem Site vum Depart/Arrivée fiert!
Itinéraire vun der Navette Parking (blo)

5Consigne
Plangt genuch Zäit a fir Äer Sacoche virum Depart an eiser Consigne ofzeginn.
Infopoint «Musée national des Mines de Fer»
Rue de la Bruyère
L-3714 Rumelange

Directions

6Chronométrage

De Chronométrage gëtt mat engem an der Startnummer intégréierte Chip gemaach. D’Nettozäit gëtt automatesch gerechent a kommunizéiert.
7Depart
10.00 Auer: 14 Kilometer an 20 Kilometer
All Leefer gëtt individuell chronométréiert.
8Ofhuele vun den Dossarden

Samschdes, den 29. Juni, vun 17.00 bis 19.30 Auer

Sonndes, den 30. Juni, vun 7.30 bis 9.30 Auer

Adresse :
Infopoint «Musée national des Mines de Fer»
Rue de la Bruyère
L-3714 Rumelange

Google Maps

9Ravitaillement
Et ginn 3 Ravitaillementen um 14-Kilometer-Laf an 3 Ravitaillementen um 20-Kilometer-Laf. Zousätzlech ass ee Ravitaillement op der Arrivée virgesinn.
10Präisiwwerreechung & «Rëmelenger Apéro»
D’Präisiwwerreechung ass beim Infopoint vum „Musée national des Mines de Fer“..
Hei fënnt och de „Rëmelenger Apéro“ statt. Fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt an natierlech och déi musékalesch Begleedung.
11Resultater
D’Resultater sinn den Dag no der Course op eisem Site www.tdm.lu disponibel.
12Vestiairen & Dusched
DLeefer kënnen d’Vestiairen an d’Dusche vun der Sportshal „Will Hoffmann“ zu Remëleng (mat separatem Fraen- a Männerberäich) benotzen. No der Course fiert eng Navette permanent tëschent der Arrivée an der Sportshal.
Itinéraire vun der Navette Douche (greng)
Eng Fro? Kontaktéiert eis